Bealtaine 2024
Neihaischen
Klick op d’Bild fir d’Affiche erofzelueden
LGS Gruppen um 10. Bealtaine Festival den 18 & 19 Mee 2024 um Neihaischen
Kommt mat äre Jonken op de Festival a verbréngt a spannenden Dag an der Welt vun de Kelten. Dir hutt och dëst Joer Méiglechkeet mat äre Biber, Wëllefcher, AvEx op de Festival ze kommen, an déi vill Aktivitéite matzemaachen.
Horairen:
- Samschdes 18.5.2024: 11h00 – 22h00
- Sonndes 19.5.2024: 11h00 – 19h00
Mir bidden:
- Gratis Entrée fir Biber, Wëllefcher, an AvEx, déi sech als Grupp am viraus umellen
- Flott a spannend Workshops/Spiller
Wat muss dir machen:
Mellt iech wgl. als Famill, Ruddel, Trupp bis spéitstens den 13 Mee op info@bealtaine.lu un. Deelt eis wgl. dës Donnéeë mat:
- Numm vum Grupp,
- Numm vum responsabele Chef,
- e-mail Adress,
- Zuel vun de Kanner a Cheffen,
- Datum, wéini dir kommt, (wichteg aus organisatoresche Grënn)
An der Kees kritt dir är Entréesbännercher an Aktivitéitskaarten.
Iess/Gedrénksstänn:
Um Bealtaine Festival ginn et e puer Gedrénks/Iessstänn. Nieft de klassesche Grillwurschte ginn et och nach Tarte Flambé, Spezialitéiten aus der keltescher Kichen… an als Héichpunkt samschdes, Schwäin a Schof vum Spiiss a sonndes eise Klassiker e Gallowayochs um Spiiss. Fir all Menü ginn et och vegetaresch/vegan Alternativen.
Programm:
- Infostänn, Verkafsstänn, Demonstratiounen,….
- Workshops: Liederamulett, Schëlder a Schwäerter bastelen, Halsschmuck aus Specksteen, Keramikaarbechten, Kraider, Brout baken, Déierespill, Bou schéissen, Holzschnëtzen, Naturmaterialie bastelen, NaturGames, Filzen, Wiewen, Stoffstempel…
- Live Concerte mat: Rambling Rovers; Luxemburg Pipe Band; Pipers
- Keltesch Animatioun a grouss Feiershow Samschdes owes