Klick op d’Bild fir d’Affiche erofzelueden
Bealtaine Festival den 23 & 24 Mee 2026 um Neihaischen
Kommt mat äre Jonken op de Bealtaine Festival a verbréngt e spannenden Dag am Bësch an am Keltenhaus. Dir hutt och dëst Joer d’Méiglechkeet, mat äre Biber, Wëllefcher an AvEx als Grupp op de Festival ze kommen an un de ville Aktivitéiten deelzehuelen.
Horairen:
- Samschdes 23.05.2026: 11h00 – 19h00
- Sonndes 24.05.2026: 11h00 – 19h00
- Workshops fir Kanner: 11h00 – 18h00
Mir bidden:
- Gratis Entrée fir Biber, Wëllefcher an AvEx, déi sech als Grupp am Viraus umellen
- Flott a spannend Workshops/Spiller
Um Programm:
- Workshops, Infostänn, Verkafsstänn, Demonstratiounen, …
- Bouschéissen, Brout baken, Filzen, Kräideratelier, Mat Naturmaterialie bastelen, Schnëtzen Stoffstempel & Hennatato, Specksteen, XL Holzspiller
Wat muss dir machen:
Mellt iech w.e.g. als Famill, Ruddel, Trupp bis spéitstens den 15 Mee op info@bealtaine.lu un:
Gitt w.e.g. folgend Informatiounen un:
- Numm vum Grupp
- Numm vum responsabele Chef
- e-mail Adress
- Zuel vun de Kanner a Cheffen
- Datum, wéini dir kommt, (wichteg aus organisatoresche Grënn)
An der Kees kritt dir är Entréesbännercher an Aktivitéitskaarten.
