Parking Mataarbechter
WICHTEGEN Update fir Mataarbechter vum Bealtaine Festival
Léif Mataarbechter, Guiden a Scouten a Frënn vum Bealtaine,
Wéinst der aktueller Wiedersituatioun musse mir elo Villes ëmplangen, dorënner fällt och eis Parksituatioun fir Mataarbechter an och de Parking Payant. Souwuel de Staffparking wéi och de Parking Payant si bis a Sonndeg sëcher zou. De ville Reen erlaabt et net do ze parken. Eventuell kenne mir de Parking Payant Sonndes opmachen, dëst ass awer nach net sécher.
Mir bidden fir all Mataarbechter an Reenactors a puer Parkméiglechkeeten un. Détailler gesidd dir op de Kaarten. Mir hunn eng Camionette vum Bissener Jugendhaus kritt,, déi iech dann op Neihaischen féiert. Merci fir är Gedold wann et bëschen dauert.
Samschdes moies fiert Camionette ab 08h00 bis 10h30 vun den eenzelnen Parkingen op Neihaischen. Mataarbechter wou méi spéit kommen, sollen eis Busnavetten fir Visiteuren huelen. INFO PARKING
Du wëlls eis gären um Bealtaine eng Hand upaken? Da mell dech HEI un!
Wanns Du och beim Op- an Ofriichte wëlls dobäi sinn, da kanns Du dech HEI mellen!
Nohaltegkeet um Festival (sustainability)
Als nohaltege Festival probéiere mir eisen ekologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen an eise Ressourcëverbrauch ze reduzéieren. Dozou gehéieren eng ganz Rei Krittären déi mir als Organisateur ëmsetzen. Weiderliesen… LU
En tant que festival durable, nous essayons de mettre en place une politique de développement durable et de réduire notre consommation de ressources. Cela implique un grand nombre de critères que nous les organisateurs souhaitons mettre en œuvre. continuer… FR
As a sustainable festival, it is important to us, to keep our ecological footprint as small as possible and reduce our consumption of resources. This involves a certain number of criteria that we, the organizers, wish to implement. continue… GB