Samschdes, den 30. Mee & Sonndes, den 31. Mee 2020
D’Kanner kënnen en Aktivitéitsbännchen vun 3,00 € kafen an domat u folgenden Workshops a Spiller deelhuelen :
- Keramikaarbechten
- Kraider mat alle Sënner entdecken
- Kraidersäckelcher bastelen
- Zënn géissen
- Brout baken wéi bei de Kelten
- Déierespill
- Flechten
- « Brettchenweben »
- Holzschnëtzen
- Bou-, Aaxt- a Speerschleiderschéissen
- Ketten aus Naturmaterialien
- Filzen
- Fibel aus Koffer
- Keltesch Waffen (Quiz)
- Keltesch Landwirtschaft (Quiz)
- Keltesch Spiller
- Halsschmuck aus Specksteen
Folgend Workshops kaschten wéinst dem héijen Materialopwand extra:
- Liederbännercher mat kelteschen Symboler stanzen
- Keltesch Schëlder a Schwäerter bastelen
